Sport
Réckbléck:
Nico
Keiffer, RTL Radio Lëtzebuerg
_________________________________
Et
ass schonn impressionant. Praktesch 1 Joer laang blesséiert, an dann als
Junior all d'Senioren hannert sech ze loossen, dat huet den Yannick Lieners
gëschter beim Bieleser Duathlon fäerdeg bruecht. No senger graver
Blessur huet de Yannick Lieners souguer een Ament mussen ëm seng sportlech
Zukunft fäerten. Bei sengem Comeback huet de Bieleser Junior beim Duathlon
vun sengem Veräin dernieft och nach annerhallwe Kilometer virun der
Arrivée eng Schlapp verluer. Hee gewënnt virum Marc Urwald an dem
Andrew Gush.
Am
Basket ass souwuel bei den Dammen, grad wéi och bei den Hären, de
Final Four ëm d'Meeschterkroun perfekt. Bei den Damme kënnt et zu den
Halleffinalen T71 géint Esch, a Walfer géint d'Musel Pikes. A bei
den Häre spillt Miersch géint de Champion Sparta, respektiv
Hiefenech géint de Coupe-Gewënner Ettelbréck.
Am
nationale Futtball gouf gëschter de Play-Off an der Nationaldivisioun
ofgeschloss, wou d'Décisioune jo schonn all gefall waren. Nach net
gewosst ass allerdéngs ween direkt an d'Nationaldivisioun steigt. Virum
leschte Spilldag an der Éirepromotioun huet de Fusiounsveräin vun
Déifferdeng nëmmen nach 1 Punkt Avance op den Progrès, an 3
Punkten op Monnerech, déi ëm 20 Goaler besser si wéi den
Tabelleleader. D'Décisioun fält hei um leschte Spilldag.
Déifferdeng spillt géint den CS Uewerkuer. Nidderkuer muss
géint Lëntgen untrieden. A Monnerech hofft op e Faux vun deenen 2
Déifferdenger Formatiounen. Sollt eng vun dësen 3 Formatiounen et
net direkt packen, bleiwe jo nach d'Barragemätcher fir déi sech och
Mamer qualifizéiert huet.
Russland
ass neien Europameeschter bei den U17. D'Russe setzen sech am Stade Josy
Barthel an der Final no Elefmeter-Schéisse géint d'Tscheschen
duerch.
Am
Volleyball verléieren déi Lëtzebuerger Hären den
Allersmätsch an der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft mat 0-3
géint Norwegen, an am Badminton realiséiert Schëffleng den
Doublé.
Am
Powerlifting gëtt den Annibal Coimbra Vize-Europameeschter an der 100
Kiloklass.
Am
Cyclissem ass den Italiener Ivan Basso beim Giro d'Italia no der 8ter Etapp
neie Leader am General. De Benoît Joachim läit op der 148ter Plaz op
44 Minutten an 10 Sekonnen. A beim „Festival de la Petite Reine“ zu
Käl war den Tom Flammang dee séiersten.